" Wou d' Idee entstaanen war vir en Fotoshooting vun mir, war et mir als éischt drems gaang vir en gudde Frend an sengem Hobby ze ennerstetzen. Ech kruut d' Méijlechkéet vir mech aus enger ganz anerer Perspektiv können ze gesin. Zougin weinst mengen zerbrachenen Ex- Relatiounen an mengem stressegen Alldag haat sech bäi mir bessi Selbstzweifel waat mäin Erscheinungsbild an Kierper ugeet, ageschlach. Mä mat deenen Shootingen hei wou ech mech an mäin Kierper weisen konnt sou wei en as an sou wei ech sin huet sech alles zum mei wei positiven geännert. Ech kruut en ganz andert Bild vun mir nämlech dat ech gutt sou sin wei ech sin an dat ech mäin Kierper net ze verstoppen brauch. Den Luigi huet et färdeg bruecht duerch seng Shootingen mir mäin ganz Selbstwertgefill eremzegin an ech sin stolz op mech an mäin Kierper. Duerch dem Luigi seng leiv, professionnell an einfühlsam an respektvoll Art a Weis bereien ech eis Shootingen keen Meter a soen him e grousse Merci! Duerch meng egen Erfahrung kann ech just jidderengem nemmen soen, gleevt un iech an verstoppt iech weinst kengem well jiddereen as schein op seng Art a Weis. An duerch den Luigi daat weisen an ze realiséieren ze können as eng grouss Chance an et wier schued daat net duerch hien ze verwierklechen. "

Témoinage, Malou.